Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Dëse Weekend sinn d’Walfer Bicherdeeg. Och de radio 100,7 ass bei dësem Event derbäi an iwwerdréit de Sonndeg, 20. November um 11:00 Auer d'Emissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” live aus dem Café Littéraire vu Walfer mat sëllegen Invitéen aus der Literaturzeen. En aneren Event dëse Weekend ass déi ëmstridde Fussball-WM am Katar. Dozou huet den Denis Scuto eis d'Grënn genannt, firwat hien dës WM boykottéiere wäert. D'Band Tuys huet eng nei Single virgestallt, a mir presentéieren Iech de Samschdegmoie mam Luc Melsen. De Rick Mertens hëlt eis mat an de Minett vu fréier a senger Emissioun “Zäitspuer”, a mir hunn d’Createure vun eisem radio 100,7 Podcast “Schlechte Schüler” gefrot, wéi si sech op d'Aarbecht un deem Podcast virbereet hunn.
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!
|
|
|
Kultur
De Pit Schlechter krut de Lëtzebuerger Buchpräis
De Pit Schlechter gouf fir "De Fléiepëlz" mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Weider Präisser goufen et an de Kategorië Sachbicher, Design, a Kanner- a Jugendliteratur.
>> liesen
|
|
|
Invité vum Dag (18.11.)
Denis Scuto
Den Denis Scuto, Historiker a fréiere Fussballnationalspiller, wäert d'WM am Katar boykottéieren. Hien erwaart vun der Regierung de klore Message, datt si fir d'Demokratie a Mënscherechter asteet.
>> lauschteren
|
|
Zum Theema Fussball-WM am Katar proposéiere mir ë. a. nach dëse Bäitrag:
|
|
Katar: "Situatioun huet sech verbessert, ass awer sécher net gutt"
Sollt een d'WM am Katar boykottéieren? Kuerz éier ugepaff gëtt, wollt d'EU-Parlament de Point maachen. De katareschen Ausseminister, grad wéi och Mënscherechtsorganisatioune waren op Besuch.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
|
Nei Single
TUYS - Yellow Either
Déi lëtzebuergesch Indie-Rock Band TUYS huet dëse Freideg an der Kulturfabrik ee Release-Concert mat ville Gäscht gespillt. Ophänkert dovunner war d'Sortie vun hirer neier Single "Yellow Ether". Mir hu mam Sänger/Gittarist Tun Biever an dem Bassist Yann Gengler iwwer de Song, de Concert, an dee fir Abrëll annoncéierten Album geschwat.
|
>> lauschteren |
|
|
|
Gemittlech an de Weekend starten, mat interessanten Informatioune wéi dem "Dagdeeglech", dem Jean-Claude Majerus senger Serie "Retromania", der Europa-Chronik vun der belscher RTBF, Kultur, engem Weekend-Event an ofwiesselend "Gezeechent, d'BD vum Mount" vum Jeff Thoss, de "Lëtzebuerger Sachbicher" mam Mohammed Hamdi oder de Jean Portante mat der Serie "Incipit". D'Stonn tëschent 10 an 11 Auer gehéiert integral den Associatioune mat "Liewe fir de Veräin".
>> Liewe fir de Veräin, ëmmer samschdes um 10:00 Auer
|
|
|
Zäitspuer
Episod 1: Grujeleg Accidenter an Iesse wéi um Haff
1981 huet déi lescht Eisenäerz-Minn zu Lëtzebuerg zougemaach. Iwwer 40 Joer méi spéit kann ee sech just nach schwéier virstellen, wéi haart den Aarbechtsalldag ënner dem Buedem deemools war. An der Emissioun an dräi Deeler "Zäitspuer" léisst de Rick Mertens Leit zu Wuert kommen, déi d'Minnenaarbecht selwer materlieft hunn. D'Emissioun fannt Dir och op Spotify oder Apple Podcasts.
>> lauschteren
|
|
Podcast Schlechte Schüler
|
|
|
E Bléck hanner d'Kulissen
No néng Méint recherchéieren, interviewen, schreiwen, Montage a sou weider, ass déi éischt Episod vum Podcast "Schlechte Schüler" e Méindeg erauskomm. D'Pia Oppel an de Pierre Reyland schwätzen driwwer, wéi et war, fir de Podcast ze maachen. Wéi ënnerscheet sech dëse Projet vun hiren Erfarungen am Noriichten-Journalismus?
>> lauschteren
Déi éischt Episod vum “Schlechte Schüler”-Podcast gëtt et elo ze lauschteren, an eiser Mediathéik oder op de gängege Podcast-Plattformen. Ëmmer méindes kënnt eng nei Episod eraus. Abonnéiert Iech fir keng weider Episod ze verpassen.
>> éischt Episod lauschteren
|
|
|
|
Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7
|
|
|
|
|
|