Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
E Méindeg ass et souwäit, da kënnt déi éischt vu sechs Episode vum radio 100,7 Podcast "Schlechte Schüler" eraus, eng journalistesch Recherche vum Pia Oppel a Pierre Reyland iwwer d'Inegalitéiten am Lëtzebuerger Schoulsystem. Dir kënnt Iech elo schonn op de verschiddene Podcastplattformen abonéieren, fir keng Episod ze verpassen. Ëmmer méindes kënnt eng nei Episod eraus.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar war den Dënschdeg eisen Invité vum Dag an huet sech zur Ausliwwerung vum Frank Schneider un d'USA geäussert.
Den Ament bléckt d'Welt op d'Klimakonferenz COP27 zu Sharm El-Sheikh, an der Hoffnung, datt konkret Mesurë géint de Klimawandel getraff ginn. Mir hunn dozou de Premierminister Xavier Bettel interviewt.
Dëse Samschdeg presentéiert de Pascal Schumacher säin neit Wierk LUNA an der Philharmonie. Mir hunn eis am Virfeld mat him iwwer de Projet ënnerhalen. An de Sonndeg invitéiert d'Valerija Berdi op eng Table ronde iwwer de Migratiounsphenomeen zu Lëtzebuerg.
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!
|
|
|
Schlechte Schüler - Déi nei Podcast-Produktioun vum radio 100,7
"Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi virausbestëmmt". Dëse Saz aus dem leschte Bildungsbericht ass den Ausgankspunkt vun enger journalistescher Recherche iwwer Inegalitéiten am Schoulsystem.
D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat op eng Rees an d'Schoulwelt vu gëschter an haut. Kanner, Elteren, Enseignantë verzielen, firwat an der Grondschoul scho villes schif leeft, a wat een dorunner kéint änneren.
Schlechte Schüler - Eng Podcast-Serie a sechs Deeler. Vum 14. November u geet et all Woch fir eng nei Episod an d'Schoul.
>> Podcast entdecken
|
|
|
Invité vum Dag (08.11.)
Laurent Mosar
Den CSV-Deputéierte kritiséiert d'Regierung, well si näischt ënnerhëlt fir d'Ausliwwerung vum Fränk Schneider un d'USA ze verhënneren.
>> lauschteren
|
|
D’Reaktioun vum radio 100,7 Chefredakter Jean-Claude Franck op dem Laurent Mosar seng Aussoen am Interview:
|
|
Fall Frank Schneider
Laurent Mosar probéiert Liene mat Sandstone ze verstoppen
Den CSV-Deputéierten huet als eisen Invité vum Dag probéiert d'Lienen ze vertuschen tëschent enger Firma, an där hien an der Vergaangenheet Administrateur war, a Sandstone - der Firma vum Frank Schneider.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
|
COP27
António Guterres warnt Staats- a Regierungscheffen
Op der Weltklimakonferenz fënnt den UN-Generalsekretär kloer Wierder: entweder géif ee Klimasolidaritéitspak oder ee kollektive Selbstmordpakt erauskommen. Op der COP27 solle konkret Decisioune geholl ginn.
>> lauschteren / kucken
|
|
Weider Bäiträg zur Weltklimakonferenz zu Sharm El-Sheik:
|
|
Xavier Bettel: Nieft den aktuelle Krisen, dierf een d'Klimakris net vergiessen
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet den Dënschdeg Owend an Ägypte seng Ried op der Weltklimakonferenz gehalen. Dobäi huet hien d'Wichtegkeet vum Kampf géint de Klimawandel an d'Mesurë vum Klimabiergerrot ervirgestrach.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
Tilly Metz: "Déi europäesch Ziler ginn net wäit genuch"
D'Europadeputéiert hätt sech gewënscht, datt d'EU méi ambitiéis Ziler op der COP27 an Ägypte vertrëtt. Si hofft, datt d'EU hir Klimaziler am Laf vun der Konferenz nach nobessert.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
|
Pascal Schumacher
Vun der Elbphilharmonie an d'Philharmonie
Wéi kléngt de Mound? Dat wollt de Pascal Schumacher erausfannen an huet e Wierk mam Titel "LUNA" komponéiert. - dat als Fortsetzung vu "SOL", sengem Solo-Debut-Album, bei deem d'Sonn am Mëttelpunkt steet. De Concert "LUNA" huet de Pascal Schumacher den 1. November zesumme mam Ensembel ECHO Collective an der Elbphilharmonie zu Hamburg ginn, an dëse Samschdeg steet hien och hei an der Philharmonie op der Affiche. D'Marie Schockmel war de Concert an der Elbphilharmonie lauschteren an huet sech mam Lëtzebuerger Perkussionist a Komponist ënnerhalen.
|
>> lauschteren |
|
|
Déi initimistesch Säit vum Mound
De Pascal Schumacher war och Invité an der Emissioun Kultur um 5 dëse Mëttwoch, wou hien ë. a. iwwer d'Zesummenaarbecht mam Sträicher-Ensembel erzielt huet.
>> lauschteren / liesen
|
|
|
|
Table ronde
Migratioun duerch Bicher
Mat enger Ausstellung an diverse Manifestatioune wëllt de Projet "Retour de Babel" d'Komplexitéit vum Migratiounsphenomeen zu Lëtzebuerg ervirhiewen. Een Deel vum Kaderprogramm vun dësem Projet vum Centre d'Art vun Diddeleng (Projet Esch2022) war och e literareschen Owend, wou d'Invitéen Extraiten aus literaresche Wierker perséinlech erausgesicht a presentéiert hunn. Eng Lecture an Diskussioun mat der Antonia Ganeto, der Magaly Texeira an dem Jean Portante.
Moderatioun an Zesummeschnëtt Valerija Berdi
>> Lauschtert d'Emissioun dëse Sonndeg 13.11. um 11:00 an 19:00 Auer
|
|
|
|
Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7
|
|
|
|
|
|