Copy
Newsletter
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Mir maachen d'Diere vum Adventskalenner am B-Radio op. Wat Iech erwaart, gitt Dir dëse Sonndeg gewuer! Dëse Weekend ass de Shuffle, oder och Luxembourg Jazz Festival, am Neimënster. De radio 100,7 huet mat den Organisateure vum Festival geschwat an ass live op der Plaz mat sengem Public Service Soundsystem DJ-Set, fir d’Jazz-Frënn a -Frëndinne mat gudder Musek ze verwinnen. En Dënschdeg ass e Webinar an Zesummenaarbecht mam SCRIPT zum Theema Entrepreneursgeescht am Schoulwiesen, deen Dir och am Stream op eiser Internetsäit kënnt matverfollegen. Déi zweet Episod vum Rick Mertens sengem “Zäitspuer“-Podcast ass disponibel an erzielt iwwer en Opstand zu Esch am Joer 1918. Mir sichen no Verstäerkung an eiser Onlineredaktioun: deemno zéckt net d’Annonce ze deelen, resp. Iech ze mellen. Mir freeën eis op Är Demanden :-) An zanter dëser Woch ass déi zweet Episod, "Zeréck an d'Zukunft" vum “Schlechte Schüler“-Podcast iwwerall disponibel, wou et Podcasts gëtt.
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!

Kultur
25 Mol onnéidegen an dubiéise Saster ergëtt en absolut indispensabele B-Radio Adventskalenner. Maacht Iech bäi: an dësen onsécheren Zäite kéint et dee leschte sinn!

>> B-Radio, dëse Sonndeg 27.11. um 11:00 an 19:00 Auer.


Musek
Shuffle
An der Abtei Neimënster steet de Lëtzebuerger Jazz an der Vitrinn


De Luxembourg Jazz Festival oder Shuffle ass dee gréissten Jazz-Showcase-Festival am Grand-Duché. De fréiere Luxembourg Jazz Meeting ass haut als Plattform fir Austausch an als Sprangbriet fir Kënschtler aus der Lëtzebuerger Jazzzeen geduecht. D'Geleeënheet hir Kompositioune virun nationalen an internationale Profien aus der Industrie ze presentéieren, Renconteren, déi de Kulturexportbüro Kultur LX facilitéiert - fir hinnen hoffentlech d'Diere vum internationale Marché opzemaachen. Mee och fir de Public ass de Festival ee wierklecht Erliefnes.
De Marc Clement huet e Mëttwoch am Kulturmagasinn mam Bob Seyler (riets op der Foto) vun der Abtei Neimënster an dem Giovanni Tronno (lénks op der Foto) vu KulturLX geschwat fir erauszefannen, wat de Shuffle speziell mécht.


>> lauschteren
Och am "Jazz Ahoi" stoung de Shuffle Festival 2022 am Mëttelpunkt

Am Gespréich mam Jeff Herr huet de Stefano Agostini dëse mëttlerweil essentiellen Event am Lëtzebuerger Jazzkalenner presentéiert.

>> lauschteren
100,7 Public Service Soundsystem @Shuffle

Dem radio 100,7 seng hauseegen DJ-Ekipp Public Service Soundsystem huet gëschter Owend um Festival mam Rico Querin e Set gespillt, an e Samschdeg suergt de Pit Dahm vun 23:00 Auer u fir e gudde Sound.

Gesellschaft
Webinar
Iwwer de Léiermodell vun de '4K' an den Entrepreneursgeescht am Schoulwiesen

„An der Schoul léiert ee fir d'Liewen“ - mee wat brauch een u Léierstoff fir e Liewen an enger Zukunft, vun där mir haut nach wéineg wëssen, wéi se wäert ausgesinn?
Am Bildungswiese geet zanter geraumter Zäit rieds vum Léiermodell vun de '4K', de véier Kompetenze Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken.
Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenze weist sech hautdesdaags an der Educatioun ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff Entrepreneurship an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pedagogesch-didaktesche Kader, an deem d‘4K-Kompetenzen aktiv ugewannt kënne ginn.


>> De Webinar, Dënschdeg 29.11. um 14:00 Auer, hei op der Antenn an am Stream

Zäitspuer
Episod 2: Esch 1918 - Eng brutal Rebellioun, déi séier nees vergiess gouf


Wann een un d’Lëtzebuerger Geschicht denkt, si Rebellioune mat Sécherheet net dat éischt, wat engem an de Kapp kënnt. Dat heescht awer net, datt et der ni gouf: 1918 hunn zum Beispill Honnerte rose Bierger an de Stroosse vun Esch-Uelzecht rebelléiert an eng ganz Rei Geschäfter attackéiert. Am Zäitspuer-Podcast beliichte mir, wat deemools lass war. D'Emissioun fannt Dir och op Spotify oder Apple Podcasts.

>> lauschteren

Joboffer
D'Onlineredaktioun vum Radio ass e wichtege Bestanddeel an Zäite vun digitaler Transformatioun. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Redakter/Redactrice Web

Är Tâchen:

  • Verfaassen a publizéiere vu schrëftlechen an audiovisuellen Inhalter fir d'Internetsäit 100komma7.lu, eis Newsletteren a Social Media
  • Participatioun u Projete fir de Média 100,7 an der Digitaliséierung an Innovatioun virunzebréngen
  • Recherche an Entwécklung vun neie Weeër fir Informatioun op eise verschiddene Plattformen ze presentéieren

>> Joboffer entdecken


Podcast Schlechte Schüler
D'Episod 2 vun der Podcast Serie: "Zeréck an d'Zukunft" geet der Fro no, firwat Versich de Schoulsystem méi gerecht ze maachen an der Vergaangenheet esou dacks gescheitert sinn.

Beim Natasha Ehrmann waren zwee Gäscht am Studio: D'Journalistin Pia Oppel, déi de Podcast mat realiséiert huet, an de Lucien Kerger (op der Foto), ee fréieren Enseignant, Fuerscher a Vizerecteur vun der Uni Lëtzebuerg.

Am Gespréich ass et ënner anerem ëm d'Buch "Der schlechte Schüler" aus de 60er Jore gaangen. An ëm déi éischt grouss wëssenschaftlech Etüd iwwer d'Inegalitéiten am Lëtzebuerger Schoulsystem, déi 1968 lancéiert gouf.

>> lauschteren

Déi zwou éischt Episode vum “Schlechte Schüler”-Podcast gëtt et elo ze lauschteren, an eiser Mediathéik oder op de gängege Podcast-Plattformen. Ëmmer méindes kënnt eng nei Episod eraus. Abonnéiert Iech fir keng weider Episod ze verpassen.


>> Schlechte Schüler-Podcast lauschteren


Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7

Fannt eis online:

Facebook
Twitter
Instagram
Spotify
Website
YouTube
Copyright © radio 100,7
Média de service public 100,7

Eis Emailadress ass:
info@100komma7.lu

Aktualiséiert Är Abonements-Preferenzen oder Desabonéiert Iech vun dëser Lëscht.
 






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
radio 100,7 · b.p. 1833 · Luxembourg 1018 · Luxembourg