Copy
Newsletter
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Mir hunn eis mam Direkter vu Filmfong iwwer d'Reprochen ënnerhalen, déi him virgeworf ginn. Den Donneschdeg hate mir eng Am Fong-Spezialemissioun, an där et ëm déi éischt Journée Patient-Partenaire goung. Déi ganz Table ronde kënnt Dir op eisem Site nokucken an nolauschteren. Eng weider Diskussiounsronn bidde mir Iech dëse Sonndeg um 11:00 Auer zum Theema Architektur a Kulturhaaptstad. De Bilan vum Kulturhaaptstad-Joer gezunn huet d'Generaldirectrice vun ESCH2022 Nancy Braun dës Woch an eiser Emissioun Kultur um 5. Musikalesch proposéiere mir Iech Gregorianesch Gesäng aus der Abtei vu Clierf a mir kruten eng lescht Postkaart aus der Tierkei vum Guy Helminger. Eng weider Episod vun eisem "Schlechte Schüler"-Podcast ass eraus, Hannergrond-Informatiounen zu dësem 4. Deel an der Emissioun Am Fong ...
Vill Spaass beim Lauschteren & Liesen!

Aktualitéit
Invité vum Dag (07.12.22)
Guy Daleiden

Seng eege Roll géif net där Muechtpositioun entspriechen, als déi se elo duergestallt gëtt, esou den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden am 100,7-Interview. Vill Recommandatioune vum Rechnungshaff wiere scho längst ëmgesat.

>> lauschteren / kucken

Donneschdeg, den 8.12., war déi éischt Journée nationale Patient-Partenaire. Vun der Spidolsfederatioun initiéiert, wëllt dës de Modell vum Patient-Partenaire bekannt maachen. D'Konzept besteet scho méi laang, mee de Sujet soll méi breet diskutéiert ginn, an domadder soll e Bewosstsinn fir de Sujet entstoen. Eng Table ronde mat villen Acteuren iwwer de Modell a seng Ëmsetzung.

Am Studio waren:

  • Paulette Lenert - Gesondheetsministesch
  • Stephanie Obertin - Presidentin vum Cercle des Médecins Généralistes
  • Chantal Keller - Patientin a Presidentin, Blëtz ASBL
  • Anne Weydert - Patientin
  • Catherine Atlan - Médecin directeur pôle Médecine interne et maladies systémiques, CHL
  • Monqiue Isebaert - Amicale des patients, l'INCCI
  • Georges Clees - Chargé de communication, Patientevertriedung
Moderatioun: Natasha Ehrmann

>> lauschteren / kucken


Kultur / ESCH2022
Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de breede Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Point de vue Budget fält awer op, datt déi gréisst Montanten heefeg an d’Infrastruktur investéiert ginn. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun deemno konkret an deem Kontext? Dat hu mir mat der fréierer CSV-Politikerin Erna Hennicot-Schoepges, der aktueller Generaldirectrice vun Esch2022 Nancy Braun an der Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun Simone Beck diskutéiert.

>> Kultur, dëse Sonndeg 11.12. um 11:00 an 19:00 Auer

Kultur um 5
E Bléck zeréck op Esch2022


Dat éischt Kapitel vun Esch 2022 ass ofgeschloss an Nohaltegkeet huet eng grouss Bedeitung fir Esch2022, seet d'Nancy Braun. Eng Weiderféierung vum Projet misst awer och politesch gedroe ginn, seet d'Generaldirectrice vun Esch2022.

>> Lauschteren


Musica Sacra
Gregorianesch Gesäng aus der Abtei vu Clierf (27.11.)

D'Schola vun der Abtei Saint-Maurice vu Klierf séngt ënner der Direktioun vum Dom Jacques Prudhomme. Am Dialog mam Gesang steet d'Uergel, gespillt vum Maître Gérard Close, Organist vun der grousser Uergel an der Abtei.
De Père Abbé Michel Jorrot, dee selwer an der Schola matséngt, leet déi eenzel Gesäng mat engem Text an. D'Theema war: "L'Eglise: le peuple que Dieu s'est acquis".

>> Lauschteren

Gregorianesch Gesäng aus der Abtei vu Clierf (04.11.)

D'Schola Resupina aus Éisträich gouf vun der Isabell Köstler zu Wien am Joer 2004 gegrënnt an ass eng vun de wéinege Fraen-Scholaen an Europa a weltwäit, déi sech mam Gregorianesche Gesang, op héijem artisteschen Niveau an op wëssenschaftlecher Basis, beschäftegt.

>> Lauschteren

Gesellschaft
Post vum Guy
Tierkesch Postkaarte vum Guy Helminger - Tarlabasi


De Schrëftsteller ass no senger Rees an Anatolien erëm an der tierkescher Haaptstad ukomm an huet eis eng lescht, 6. Postkaart geschéckt. Zesumme mat enger Dolmetscherin schwätzt hie Leit op der Strooss un a léisst si erzielen, iwwer hir Situatioun, iwwer d'Politik, iwwer hiert Liewen.

>> lauschteren

Schlechte Schüler Podcast

Eis Podcast-Serie "Schlechte Schüler" geet der Fro no, wéi eescht mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem huelen. "En Français, s'il te plaît" heescht déi véiert Episod, déi freet, ob deen neie Pilotprojet fir eng franséisch Alphabetisatioun elo méi Succès kéint hu wéi ee viregt Experiment an den 1970er.

D'Natasha Ehrmann huet mat zwee Gäscht iwwer d’Theema vun dëser 4. Episod geschwat: d'Vir- an Nodeeler vun der franséischer Alphabetisatioun: Am Studio waren d'100,7-Journalistin Pia Oppel, dat de Podcast mat realiséiert huet, an de Marc Schmidt, Direkter vum Centre de Logopédie.

>> lauschteren

Déi véier éischt Episode vum “Schlechte Schüler”-Podcast gëtt et elo ze lauschteren, an eiser Mediathéik oder op de gängege Podcast-Plattformen. Nächste Méindeg kommen d'Episode 5 a 6 zesummen eraus. Dëst ass dann den Ofschloss vun eiser Podcast Serie "Schlechte Schüler". Wann Iech de Podcast gefall huet, zéckt net op de Podcast-Plattformen eng Bewäertung ofzeginn.


>> Schlechte Schüler-Podcast lauschteren


Joboffer
Klassesch Musek ass e festen Deel vum Radioprogramm. De Radio informéiert iwwer d'Aktualitéit vu Museker, Orchesteren a Concertshaiser an hëlt reegelméisseg selwer Concerten op. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Journalist:in fir d’Redaktioun Klassesch Musek

Är Tâchen:

  • Konzeptioun, redaktionnell Recherche a Produktioun vun Emissiounen a Programmelementer ronderëm d'Welt vun der klassescher Musek
  • Presentatioun vun Emissiounen, live oder virproduzéiert, am Studio oder um Terrain
  • Preparatioun vu redaktionnellem Contenu fir eis Internetsäit "100komma7.lu"
  • Mataarbecht an der Museksprogrammatioun vum Radio an Identifikatioun vun neier Musek, déi an d'Museksrotatioun opgeholl ka ginn
  • Mataarbecht beim Dokumentéiere vu Musek an Archivéiere vun Emissiounen

>> Joboffer entdecken


Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7

Fannt eis online:

Facebook
Twitter
Instagram
Spotify
Website
YouTube
Copyright © radio 100,7
Média de service public 100,7

Eis Emailadress ass:
info@100komma7.lu

Aktualiséiert Är Abonements-Preferenzen oder bestellt d'Newsletter of.
 






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
radio 100,7 · b.p. 1833 · Luxembourg 1018 · Luxembourg