Copy
Newsletter
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

D'Ekipp vum radio 100,7 wënscht Iech an Ärer Famill schéi Chrëschtdeeg. Fir d'Feierdeeg hu mir Iech e flotte Menü zesummegesat, bei deem sécher fir all Goût eppes derbäi ass.
Vill Spaass beim Lauschteren!
Op Hellegowend sinn all eis Museksemissiounen thematesch a vum Klang hier op Chrëschtdag ofgestëmmt. Virdrun, um 18:00 iwwerdroe mir déi traditionell Usprooch vum Grand-Duc.
11:00-12:00 Auer
Grousse Kino - O.S.T.

De grousse Kino presentéiert sech an der Vakanz ganz musikalesch: De Michel Delage proposéiert Extraiten aus Soundtracken, déi am vergaangene Joer opgefall sinn.
20:00-21:00 Auer
Ligne 2: Christmas Mix

Déi véiert Kéier scho presentéiert de Bobby säi järleche Christmas-Mix. Mat Songs vu RUN DMC, Outkast, MF Doom, Westside Gunn a Ghostface Killah
8:00-10:00 Auer
SonndesBox
Um éischte Chrëschtdag begleet d‘Tessy Steffen Koenig Iech mat Chrëschtdagslidder, déi een net all Dag héiert. Mat der Theaterpedagogin Mirka Costanzi schwätze mir iwwer Ritualer an Erënnerungen un d‘Feierdeeg an am Sonndesspadséiergang huele mir Iech mat an de Stall bei siwe kleng Schwéngercher an hir Mamm.
10:00-11:00 Auer
Spektrum - De Chrëschtdagslidder-Wonschziedel
Déi eng kënne Chrëschtdag net erwaarden, déi aner sti Konsum a allgéigewäerteger Harmonie méi kritesch géinteniwwer. An dat Schéinst ass: Fir all Stëmmung gëtt et e passend Lidd. Lëtzebuerger Museker:inne vum Gollo Steffen bis bei d'Sascha Ley stellen Iech hir Favoritte vir.

Rediffusioun um 18:00 Auer
11:00-12:00 Auer
Voix d'auteurs - Anne Lorho

"L'aveuglé" heescht deen éischte Roman vun der jonker franséischer Romancière. De Guillaume, alias William, dee mat néng Joer duerch eng Explosioun blann gouf, muss léieren an enger Welt ouni Liicht ze liewen ... De Jean Portante ënnerhält sech mat der Schrëftstellerin.

Rediffusioun um 19:00 Auer
12:10-14:00 Auer
Concert Au Seuil de l'Avent - Live-Matschnëtt aus der Kathedral

No iwwer zwee Joer war et um éischten Advent endlech esouwäit: Déi restauréiert symphonesch Uergel an der Kathedral huet sech an hirem neie Klanggewand presentéiert - am Kader vun engem Concert mat der Maîtrise an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. Um Programm stoung ënner anerem de Concerto fir Uergel, Pauken an Orchester vum Francis Poulenc mam Doumorganist Paul Breisch als Solist. Op Chrëschtdag héiert Dir eise Live-Matschnëtt.
14:00-16:00 Auer
Spektrum - Chrëschtdag um 100,7

Op Chrëschtdag spillt Musek eng grouss Roll. Déi grouss Klassiker si jiddwerengem bekannt. An der Indie Pop Zeen goufen an de leschte Jore vill gutt an accessibel Chrëschtdagslidder verëffentlecht, déi et derwäert si grad esou dacks wéi "Last Christmas" gespillt ze ginn. Eng alternativ Playlist mat authentesche Pärelen
16:00-17:00 Auer
Concert - Hania Rani um Siren's Call 2022

Der polnescher Pianistin a Komponistin Hania Rani hiren Optrëtt am Neimënster, um Siren’s Call de 24. Juni, war eng komplett Iwwerraschung. Mat Synthesizeren an aneren elektroneschen Apparater huet si ee Courant Stroum duerch hir neo-klassesch Musek gejot, deen hir rezent een Optrëtt fir de Promoteur Cercle op de Paräisser Invalidë bruecht huet. Erlieft et op Chrëschtdag mat a loosst Iech begeeschteren.
17:00-18:00 Auer
Concert - Nikki Ninja um Siren's Call 2022

E weidere Concert, deen um Siren's Call dëst Joer opgeholl gouf: Den Jazz- a Rap-Musical “Nikki Ninja”, deen d’Kanner vu Superkräften a Räppeldeng dreeme gedoen huet, mat der Nicole Bausch aka Nicool an der Jazzband Afrobeathoven.
8:00-10:00 Auer
Spektrum - Gemittlech duerch de Moien
Accessibel Musek aus verschiddene Beräicher fir d'Feierdeegs Menüen ze verdauen. Eng eklektesch Playlist nom Motto: "Ganz ouni Hektik op Stiefesdag".
10:00-11:00 Auer
Mixtape - Fiktive Orte, von Atlantis bis Oz
Ein Schlaraffenland, ein Eldorado, Wohlstand für alle, der ideale Staat oder die Gleichberechtigung zwischen Mann und Frau - Wünsche und Träume bildeten die Basis für die Erfindung von fernen Orten und fiktiven Ländern. Ausgedacht wurden sie von Schriftstellern, Philosophen und Staatsmännern. Sie erschufen Atlantis, Utopia, Nimmerland, die Stadt der Frauen und Liliput, und besiedelten sie mit Helden, wie Peter Pan, dem Zauberer von Oz, Alice oder den Amazonen.
11:00-12:00 Auer
Voix d'auteurs - Henri Godard

2021 ass eng Wallis voller Manuskripter vum Louis Ferdinand Céline mysteriéis opgetaucht. Dorënner "Londres", ee 500 Säiten déckt Buch. E literaresche Leckerbissen, deen de Céline Spezialist Henri Godard am Gespréich mam Jean Portante ënner d'Lupp hëlt.

Rediffusioun um 19:00 Auer
12:10-14:00 Auer
Concert: God Jul - Schweedesche Radiochouer a Symphonieorchester / Hollänneschen Nationalchouer

Iwwerall wou Chrëschtdag gefeiert gëtt, gëtt et och besonnesch Traditiounen: national a regional Bräich, där kultureller, där kulinarescher an och där musikalescher. Op Stiefesdag huele mir Iech mat a Skandinavien - Chrëschtmusek aus Schweden an och traditionell Melodien.
14:00-16:00 Auer
Trendscheif - De grousse Joresréckbléck

Wéi eng Musek wäert eis vum Joer 2022 an Erënnerung bleiwen? Där Fro ginn déi véier Musek-Nerds Marc Clement, Claudine Muno, Jamie Reinert an Yves Stephany no. Ee Joer an 2 Stonnen a 17 Lidder resuméiert a kommentéiert.
16:00-19:00 Auer
Schlechte Schüler - Déi komplett éischt Staffel

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et an eiser sechsdeeleger Reportage-Serie "Schlechte Schüler", déi mir hei integral diffuséieren.
De Podcast kann ee weiderhin op 100komma7.lu on-demand lauschteren oder op de gängege Podcastplattformen.


>> Fannt hei de kompletten Dossier zum Podcast

Mir héiere vuneneen.
Är Ekipp vum radio 100,7

Fannt eis online:

Facebook
Twitter
Instagram
Spotify
Website
YouTube
Copyright © radio 100,7
Média de service public 100,7

Eis Emailadress ass:
info@100komma7.lu

Aktualiséiert Är Abonements-Preferenzen oder bestellt d'Newsletter of.
 






This email was sent to <<Email Address>>
why did I get this?    unsubscribe from this list    update subscription preferences
radio 100,7 · b.p. 1833 · Luxembourg 1018 · Luxembourg