Den Islam um Préifstand vum Fanatismus
A senger Konferenz "L'islam au défi du fanatisme“ huet den Theolog Père Adrien Candiard d’Relatioun tëschent dem Islam an dem Fanatismus analyséiert.
Trotz der Omnipresenz vum Islam an den Noriichte musse mir zouginn, datt mir net vill doriwwer wësse resp. dovunner verstinn. Ass et eng gewalttäteg a fanatesch Entreprise oder e friddlechen an tolerante Projet? Den Dominikaner Pater Adrien Candiard, ënner anerem diploméiert an der Islamologie, werft Liicht op déi komplex Situatioun.
Eng Konferenz vum 18. Mäerz 2022, organiséiert vum europäesche Kulturzentrum IPW, dem Institut Pierre Werner, Coorganisateur war d'LSRS (Luxembourg School of Religion & Society, Centre Jean XXIII).
Montage: Carlo Link