De Service des droits de l'enfant, den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher, den Office National de l'enfance an den Zentrum fir politesch Bildung sinn nëmmen e puer vun de sëllege Plazen, déi sech fir d'Verbreedung, d'Anhalen an d'Iwwerwaache vun de Rechter vun de Kanner a Jugendleche bis 18 Joer asetzen.
Mat hinnen zesumme bitt de SCRIPT mam radio 100,7 de Webinar un: Kannerrechter: Participatioun, Protektioun a Provisioun. Fir jiddwereen, dee sech fir déi Erwuesse vu muer interesséiert.
Moderatioun: Natasha Ehrmann