"De la musique pour faire plaisir"
Den 19. Februar ass Fuessonndeg, mee den Orchestre de Chambre du Luxembourg ass scho 14 Deeg virdrun an der richteger Stëmmung a proposéiert dëse Weekend e Programm ënner dem Motto "De la musique pour faire plaisir" mat Wierker vu Mozart, Francaix an Haydn. Solist ass den Daniel Ottensamer, Solo-Klarinettist vun de Wiener Philharmoniker. D'Corinna Niemeyer, Chefdirigentin vum Orchestre de Chambre du Luxembourg mat Detailer zu de Concerten