Wat ass den opus 100,7?
Den opus 100,7 ass e Schwësterprogramm vum radio 100,7, op deem klassesch Musek ronderëm d'Auer ze héieren ass. Doriwwer eraus lafen all eis Klassik-Emissiounen (Resonanzen, Musek am Gespréich, Concerten ...) parallel op béide Senderen. Dat selwecht gëllt fir d’Noriichten zur voller Stonn, moies vu 6:00-9:00 och all hallef Stonn.
Wou kann een den opus 100,7 lauschteren?
Lauschtere kann een den opus 100,7 iwwer den Internetsite www.opus.radio, iwwer d’Radioplayer-App an iwwer déi gängeg Internet-Radioen.